Menu:

23.02.09
Information
Aktuelle Inhalte werden in Kürze wieder hier eingestellt werden, bleiben Sie gespannt!


23.02.09
Allgemein
Für aktuelle Informationen stehen wir Ihnen in Kürze hier zur Verfügung!



Brotstrasse. 1
54290 Trier

Tel.: 0651/99 46 9- 550
Fax:
0651/99 46 9- 456

 

 

Schwerpunkte:
·
Europarecht
· Kartellrecht
· Gewerbl. Rechtschutz
· Schiedsrecht

 

 INHALT      GESETZER    ENTSCHEEDUNGEN

D’Europarecht ass d’Zomm vun alle Virschrëften déi d’europäesch Unioun betreffen. Et besteet aus Verträg tëschent alle Memberstaten, sou fir d’läscht d’Verträg vu Maastricht vun 1992, vun Amsterdam vun 1997 a vun Nizza vun 2001 (sougenannt Primärrecht). Gläichzäiteg hunn déi eenzel Organer vun der europäescher Gemeinschaft, déi mat der europäescher Unioun ageriicht goufen, d’Méiglechkeet eege Rechtsakten ze schaafen, dëst sinn an éischter Linn d’Richtlinnen a Veruerdnungen (sougenannte Sekundärrecht). Entscheedend ass zunächst den EU-Vertrag deen déi gemeinsam Ziler vun der europäescher Unioun beschreift an d’Instrumenter schaaft déi dofir néideg sinn. Een Zil ass d’europäesch Gemeinschaft, déi zesumme mat der europäescher Atomgemeinschaft no der europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol (déi den 01. Abrëll 1951 gegrënnt gouf an den 23. Juli 1952 fir eng Dauer vu 50 Joer bis den 23. Juli 2002 a Kraaft getrueden ass) als europäesch Wiertschaftsgemeinschaft gegrënnt gouf (den 25. Mäerz 1957 goufen déi zwee Verträg als sougenannt Réimesch Verträg ënnerschriwwen a sinn dem 1. Januar 1958 a Kraaft getrueden). Duerch de Vertrag vu Maastricht goufe si dunn an europäesch Gemeinschaft ëmbenannt.  

Laut dem Art. 2 vum EGV ass d’Zil vum Vertrag vun der europäescher Gemeinschaft,

„an der ganzer Gemeinschaft eng harmonesch, équilibréiert an nohalteg Entwécklung vum Wiertschaftliewen, e héije Beschäftegungsniveau an en héicht Mooss u sozialem Schutz, d'Gläichstellung vu Männer a Fraen, e bestännegen, net inflationäre Wuesstem, en héije Grad u Wettbewerbsfähegkeet a Konvergenz vun de Wiertschaftsleeschtungen, en héicht Mooss un Ëmweltschutz a Verbesserung vun der Ëmweltqualitéit, d’Erhéijung vun der Liewenshaltung an der Liewensqualitéit, de wiertschaftlechen a sozialen Zesummenhalt an d’Solidaritéit tëschent de Memberstaten ze förderen.“

Dës Ziler sollen duerch d’Erriichte vun engem gemeinsame Maart an der Wiertschafts- a Währungsunioun an och duerch verschidde Politiken a Moossnamen (déi an Art. 3. a 4 EGV erkläert ginn) erreecht ginn. Am Eenzele fënnt d’Ëmsetze vun dësen Ziler allerdéngs duerch verschidde Rechtsinstrumenter statt, zu deenen eng grouss Zuel u Richtlinnen a Veruerdnunge gehéieren. Et ass net méiglech hei sämtlech europäesch Regelen ofzedrécken, obwuel déi eenzel Verträg hei verlinkt sinn an och den Zougang zum sekundäre Gemeinschaftsrecht erméiglechen.