Menu:

23.12.19
Information
Aktuelle Inhalte werden in Kürze wieder hier eingestellt werden, bleiben Sie gespannt!


23.12.19
Allgemein
Für aktuelle Informationen stehen wir Ihnen in Kürze hier zur Verfügung!


 

Rechtsanwälte

RA Robert Nieporte

RA Dr. Konrad Zürbig
(Angestelltenverhältnis)

 

Interessenschwerpunkte:

° Erbrecht
° Familienrecht
° Mietrecht
° Strafrecht

 

KANZLEI

Brotstrasse. 1
54290 Trier

Tel.: 0651/99 46 9- 550
Fax:
0651/99 46 9- 456
Mail: info@kanzlei-nieporte.de
Web: www.kanzlei-nieporte.de

 

Zweigstellen

1. Haydnstraße 1
54636 Bitburg

Tel.: 06561/ 6 93 71 50
Fax: 06561/ 6 93 71 50

2. Weiherfeld 12
66679 Losheim am See
Tel.: 06872/ 50 500 27
Fax: 06872/50 500 51

oder über Trier

Häerzlech Wëllkomm op den Internetsäite vu menger Kanzlei.


D’Zil vu menger Kanzlei ass et duerch eng effizient Rechtsberodung Sträit ze vermeiden a besonnesch wiertschaftsrechtlech Konflikter duerch en Accord, dat heescht mat dem optimale wiertschaftleche Resultat fir eng weider Zesummenaarbecht vun de Parteien, ze léisen. Wéinst der Komplexitéit vun de wiertschaftlechen Zesummenhäng op dem nationalen an dem internationale Maart ass et néideg Sträit ze vermeiden anstatt en ze provozéieren.

Konfliktvermeidung heescht fir Firmaen un déi richteg Erkenntnisser ze gelaangen, dës fréizäiteg ëmzesetzen, eng wiertschaftlech Léisung am Aklang mat dem gültegen nationalen an internationale Recht unzewennen an domat déi bescht Viraussetzunge fir eng gesond Firmestruktur ze schafen an ze erhalen. Dozou gehéiert d’Erstellung vu juristeschen Expertisen, d’komplett Berodung zu Froen zum Thema Wettbewerbsrecht, Markerecht, Urhiewerrecht an Handelsrecht. Den Erfolleg vun enger Firma hängt entscheedend vun enger erfollegräicher Ëmsetzung vun den Ziler vun der Firma of. Hei spillen déi vertraglech Grondlagen eng entscheedend Roll.

Mir schaffen besonnesch och bei Sträit tëschent Firmaen aus verschiddene Staten, déi am Kader vun engem Arbitrage, am Kader vun enger aussergeriichtlecher Eenegung vun de Parteien oder vun der geriichtlecher Duerchsetzung vun Uspréch an Däitschland oder mat Bezuch zum däitsche Recht eng Léisung brauchen.

Dofir gehéieren zu der Clientèle vu menger Kanzlei net nëmmen däitsch Firmaen, mä och Firmaen aus Europa an Asien déi international aktiv sinn.

Och am Privatberäich ass wéinst laangen an deiere Prozesser an iwwerlaaschte Geriichter d’Konfliktvermeidung oft de bessere Wee. D’Zil sich op gläichem Niveau ze begéine gëtt oft duerch eng geriichtlech Ausernanersetzung gespaart. Och hei ass eng komplett Berücksichtegung vum Saachverhalt, vun den Ëmstänn déi zu enger Ausernanersetzung geféiert hu vun entscheedender Bedeitung fir d’Léisung vum Konflikt. Si bestëmmt zu gudder Läscht d’Strategie déi zu Ärem Zil féiert. Bref: eng Klo kann zwar erfollegräich sinn, mä méiglecherweis ass eng verstänneg Léisung laangfristeg vill méi wäertvoll fir Iech. Dat gëllt souwuel fir Sträit am Aarbechtsrecht wéi fir familljerechtlech Ausernanersetzungen, z.B. duerch Scheedung mam Accord vu béide Parteien.

Trotzdem ass et heiansdo onëmgänglech säin Usproch mat aller Konsequenz an ouni am Recht nozeginn duerchzesetzen. Och dobäi wäert meng Kanzlei Iech no enger détailléierter Diskussioun gär behëlleflech sinn.

Kuckt a Rou duerch eis Internetsäiten a maacht Iech e Bild. Déi eenzel Säiten ereecht Dir andeems Dir mam Curseur vun der Maus iwwert eng Säit fuert an déi gro hannerluechten Texter mat der rietser Tast vun der Maus uklickt.

Wa mir Iech kënne behëlleflech sinn, dann zéckt net eis ze kontaktéieren.

Fir eis Mandanten hu mir eng eege Säit ageriicht op der Dir Iech zukënfteg passwuertgeschützt iwwert den aktuelle Stand vun Ärem Prozess kënnt informéieren.